Eng Biergerinititativ - Firwat ass déi néideg?

Den 8.Oktober 2017 ass bei den Gemengewalen eppes geschitt, wat keen kommen gesinn huet; Souwuel d ‘DP, wei och d ‘LSAP hunn hier Sëtzer am Schäfferot missen opginn an un d ‘CSV an déi gréng oftrieden. Domat ass net nëmmen en ganz neien Schäfferot kreéiert ginn, mee och eng ganz nei Oppositioun. Dass do net alles wei déi Joeren virdrun géif lafen, dat wor gewosst. Mee verschidden Politiker an der Gemeng wëllen dat net akzeptéieren - an ginn dobäi iwwert d ‘Käpp vun den Bierger weg, woubäi dach déi am Virdergrond sollten stoen!
Des Initiativ gouf an deem Moment gegrënnt, ewéi Walfer Bierger ugefaangen hunn sech opzereegen iwwert d’Art an Weis wei verschidde Politiker an der Gemeng elo Politik maache wëllen an wéi den Bierger benotzt an manipuléiert gëtt, fir dass d ‘Politiker dat kréien, wat SIE wëllen.
“Net mat eis!” Dat ass net nëmmen den Numm vun eiser Initiativ, mee och en Opruff un all Walfer Bierger, deen eng éierlech an staark Politik an senger Gemeng well hunn, an net nëmmen en Macht Kampf tëschent Parteien, an deem den Bierger deen ass, deen am mannsten dovun huet.
Des Initiativ ass awer, an dat ass wichteg ze soen, eng onparteiesch Initiativ! Mir agéieren net als DP, net als CSV, net als déi gréng, an och net als LSAP! D ‘Bierger, déi sech dëser Initiativ gären uschléissen wëllen, kenne gären an enger Partei sinn. Mee den Kapp vun der Initiativ ass onparteiesch an suergt dofir, dass et hei net em d ‘Parteien am generellen geet, mee em spezifesch Politiker déi sech net un eng éierlech Politik halen!
D ‘Ziel vun der Initiativ ass et, dass d ‘Walfer Bierger kennen an enger Gemeng liewen, wou d ‘Politiker den Bedierfnisser vun den Bierger nokommen, an net nëmmen hiren eegenen! An dass all Bierger, deen eng éierlech Gemengepolitik well hunn, déi och kréien soll!